Skip to main content
Zesumme fir d‘Generatioun Bopa

Zesumme fir d‘Generatioun Bopa


Härzlech wëllkomm bei der Spendenaktioun fir d‘Generatioun Bopa!

Ech hu versprach, fir all Postkaart 1€ ze spenden. Dat maachen ech vun Härzen. ❤️

 

Vill vun iech hu gefrot, wéi se eppes kënne bäidroen. Et geet eis jo em all eis eeler Leit! 😍

Dofir wollt ech fir folgend 3 Projeten mat eelere Leit spenden: 

- d‘Seniorie Zitha zu Contern, déi sech sou super em de Bopa an em är Postkaarte këmmeren

- d‘Altersheim Elisabeth am Park, wou eis Jugendlech ganz wëllkomm si mat hirem Engagement

- d‘Epiceries sociales vun der Caritas, wou och vill eeler Leit akafe kommen, déi net sou gutt dru sinn

 

De Bopa selwer huet och direkt u Contern an d‘Caritas geduecht, sou dass mer bei deenen 3 Projete bleiwen.

 

Ech plangen den 1.September um 15h d’Scheckiwwerreechung an der Seniorie Ste.Zithe zu Contern (11, rue de Syren), an et wär richteg cool, wann der kéint derbäi sinn. De Bopa, de Bréifdréier Alain an d‘Postkaarte sinn och do! 😉

Hei sinn d‘Detailler: https://www.facebook.com/events/455377334956530

 

Woufir Leetchi.com? T‘ass easy an transparent! An all Iwwerweisung ass 100% sëcher.

MERCI VILLMOLS! ☺️

€1,800 Collected

0 Day left
64 Contributions

Organiser

Galles Paul

Profile verified

Beneficiary

Sozial Projete fir eeler Leit